De 27. Abrëll 2026 huet den SSE an der Mëttesstonn e flotte klenge Schachtournoi fir d’Schüler op d’Bee gestallt. An enger entspaanter, awer gläichzäiteg spannender Atmosphär konnten d’Participanten hir strategesch Fäegkeeten ënner Beweis stellen an sech matenee moossen.
Als grousse Gewënner ass dobäi de Roman R. aus der 5GIF2 ervirgaangen, dee mat staarke Partie iwwerzeegt huet a sech verdéngt un d’Spëtzt gesat huet.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy