Am Kader vum S-Team haten eis engagéiert Schülerinnen a Schüler sech d’Fro gestallt, wéi d’Wäerter vun eiser Schoul méi siichtbar am Alldag kéinte ginn.
Doraus ass d’Iddi entstanen, datt all Klass e Puzzlestéck kreativ gestalt, inspiréiert vun de Wäerter, déi eis Schoulgemeinschaft ausmaachen: Respekt, Toleranz, Gesondheet, Solidaritéit, Nohaltegkeet an Diversitéit.
Déi vill eenzel Puzzlestécker goufen elo zesummegesat an zu engem gemeinsame Konschtwierk veraarbecht: „A Mirror of Values“. De Spigel symboliséiert, datt d’Wäerter vun eiser Schoul net nëmmen op Plakater oder an Texter festgehale ginn, mee sech och an eisem deegleche Mënsch- a Matenee spigele sollen.
De Spigel ass elo ausgestallt (1. Stack am Haaptgebai, beim Eck TO/Mosaik-Sall) a gouf am Kader vum Iwwergang vum S-Team op de Projet Jeunes Ambassadeurs nach eng Kéier opgegraff an opgewäert.
E grousse Merci un all d’Klassen, d’Enseignanten, de Service technique, d’Direktioun an un all d’Schülerinnen a Schüler, déi mat hirer Kreativitéit zu dësem flotte Gemeinschaftsprojet bäigedroen hunn!
Véronique Feltes, Mandy Schweig, Carole Schroeder, Max Rodenbourg