Am Kader vun «Ettelbréck wibbelt», enger Initiativ vun der Gemeng Ettelbréck a vum Lycée Technique d’Ettelbréck, déi Sport, Beweegung an e gesonde Liewensstil bei Kanner, Jugendlechen a Famillje fërdert hu sech och eng Rei vun eise Schülerinnen a Schüler aus de Klassen 7I, 6I, 5I, 4I, 3GSNF an 3GIGF benevole engagéiert fir dëse Sport- a Familljefest mat ze gestalten. Zesumme mat ville lokale Veräiner gouf de Visiteuren e flotten Nomëtteg mat sportlechen Aktivitéiten, Animatiounen an Informatiounen ugebueden.
D’Schüler hunn dobäi verschidde Verantwortung iwwerholl. Si hunn d’Visiteuren um Stand begréisst, Animatiounen ugebueden, d’Moderatioun ënnerstëtzt, Gedrénks a Pâtisserie verkaaft an dofir gesuergt, datt de ganzen Dag eng flott a frëndlech Ambiance um Site geherrscht huet. Duerch hiren Asaz konnte si aktiv zum Erfolleg vum Event bäidroen. Nieft dem prakteschen Engagement war dësen Dag virun allem eng wäertvoll Léiererfarung. D’Schüler hunn hir Kommunikatiounsfäegkeeten, hiert Organisatiounstalent an hir Teamaarbecht weiderentwéckelt. Si hu geléiert, Verantwortung ze iwwerhuelen, spontan op Situatiounen ze reagéieren an zesummen un engem gemeinsame Projet ze schaffen.
Besonnesch schéi war ze gesinn, wéi aus Schüler aus verschiddene Klassen eng richteg Equipe entstanen ass. Wärend de Virbereedungen an um Dag selwer si vill nei Kontakter a Frëndschaften entstanen. Dëse staarke Gruppengeescht huet sech och nom Event gewisen, wéi d’Schüler als Ofschloss zesummen eng Partie Lasergame spille gaange sinn – eng Aktivitéit, déi duerch d’Recetten aus hirem Verkaf finanzéiert konnt ginn.
Dës Erfarung weist, wéi vill positiv Effekter fräiwëllegt Engagement ka bréngen. Nieft neie Kompetenzen an engem gestäerkte Selbstvertrauen entsteet och e staarkt Gefill vun Zesummenhalt an Identifikatioun mat der Schoulgemeinschaft. Mir hoffen, datt dës motivéiert Equipe och an Zukunft Loscht huet, sech bei weidere Schoulprojeten an Aktivitéiten anzebréngen.
E grousse Merci un all d’Schülerinnen a Schüler fir hiren Asaz, hir Motivatioun an hiert Engagement. Si hunn op eng flott Aart a Weis gewisen, datt Schoul och ausserhalb vum Klassesall lieft!
Aftermovie vun der Gemeng Ettelbréck: https://www.facebook.com/share/v/1Li4oqshJM/