Fir d’Schouljoer ofzeschléissen, waren d’Schüler vun eise 7P Klassen zesummen op ee flotten a spannenden Ausfluch op Durbuy. Hei ee klenge Bericht:
Am Adventure Park zu Durbuy hu mir eis un verschiddenen Erausfuerderunge gestallt an dobäi vill Spaass gehat. D’Kletterparcoursen an d’Aktivitéite ware sportlech usprochsvoll a hu vill Beweegung an Asaz gefuerdert. Dobäi hu mir eise Courage getest, eis Grenzen e bëssen ausgereizt an eis géigesäiteg motivéiert. Et war e spannenden an aktiven Dag, deen eis nach laang a gudder Erënnerung bleift.
Nilles Sophie, Pires Cindy, Rasqué Philippe
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy