Eng Rees tëscht Geschicht, Erënnerung a Verantwortung:

Vum 31. August bis de 4. September huet eng pädagogesch Studierees Enseignanten aus Lëtzebuerg op Sarajevo a Srebrenica a Bosnien an Herzegowina gefouert. D’Formatioun, organiséiert an Zesummenaarbecht mat FATA, dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) an dem IFEN, stoung am Zeeche vun der Geschicht vum Bosniekrich, der Erënnerung un de Genozid vu Srebrenica an der Fro, wéi dës Themen am Unterrecht vermëttelt kënne ginn.

Zu Sarajevo hu mir eis mat verschiddene Kapitele vun der Geschicht vun der Stad auserneegesat. Vum Attentat vun 1914, dat eng zentral Roll beim Ausbroch vum Éischte Weltkrich gespillt huet, goung et bis bei de Bosniekrich (1992–1995). Eng guidéiert Visitt huet eis dobäi op d’Spuere vun der Belagerung vu Sarajevo gefouert an en Abléck an den Alldag vun der Bevëlkerung wärend dem Krich ginn.

En zentrale Moment vun der Rees war d’Visitt vum Srebrenica Memorial Center. Am Juli 1995 goufen zu Srebrenica méi wéi 8.000 bosnesch Männer a Jongen ermort – e Verbriechen, dat vun internationale Geriichter als Genozid unerkannt gouf.

Besonnesch beweegend waren d’Rencontere mat Iwwerliewenden an Zäitzeien, déi hir perséinlech Geschichten an Erfarunge mat eis gedeelt hunn. Hir Temoignagë weisen, datt d’Konsequenze vum Krich bis haut ze spiere sinn a wéi wichteg d’Aarbecht fir Erënnerung, historesch Wourecht a géint Leugnung a Revisionismus bleift.

D’Studierees war gläichzäiteg eng Geleeënheet, fir iwwer eis Roll als Enseignanten nozedenken: Wéi kënne mir dës Geschicht an eis Klassesäll bréngen? D’Formatioun huet eis nei Perspektiven, Quellen an Impulser ginn, fir de Bosniekrich an de Genozid vu Srebrenica am Unterrecht ze thematiséieren – och am Kontext vu Lëtzebuerg a senger grousser bosnescher Communautéit.

Eng intensiv a beweegend Rees, déi gewisen huet, wéi wichteg et ass, nieft historesche Quellen och Erënnerungsplazen an d’Stëmme vun de betraffene Mënschen an d’Vermëttlung vu Geschicht anzebannen.

E grousse Merci un FATA, den ZpB, den IFEN an un all déi Persounen, déi dës Studierees méiglech gemaach an hiert Wëssen, hir Erfarungen an hir perséinlech Geschichte mat eis gedeelt hunn.

Participants LTETT: Ben Dratwicki, Michael Wantz, Max Rodenbourg

Skip to content