Am Kader vun der Optioun Kichen ass d’Klass 7P-FR op Bënzelt gefuer, fir méi iwwert d’Gromperen an hir Veraarbechtung ze léieren.
Als éischt sinn si mam Trakter op d’Feld gefuer, wou si och konnten hëllefen, d’Grompere wéi fréier ze rafen.
No der Aarbecht um Feld gouf hiert Engagement dunn och belount a si konnten sech op eppes Guddes freeën: Gromperekichelcher mat frëschem Äppelkompott. Et gouf zesumme giess an et huet och jidderengem ganz gutt geschmaacht!
Zum Schluss konnt jidderee nach puer Kilo mat Grompere mat heem huelen. Et war e flotten a léierräichen Dag, bei deem d’Schüler vill iwwer d’Gromper an hir Recolte geléiert hunn.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy