CREATIVITY CAMP organiséiert vun de Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg de 6 Oktober an der Rockhal:

Am Fach « GESPJ-Gestion de projets » leeft dëst Joer nees de Projet Mini-Entreprises am Kader vun de Programmer vun de Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg op eisen 2GCG(F) an 2GCC(F) Klassen.

Mëttes, de 6 Oktober waren eis iwwer 30 Schüler present um Creativity Camp, den an der Rockhal zu Esch organiséiert gouf.

D’Equippe sinn do an zwou Gruppen agedeelt ginn: 

D’Gruppe mat enger Iddi, sinn duerch den Design-Thinking-Prozess guidéiert ginn, fir eng éischt Iddi auszeschaffen.

Déi aner goufe mat méi spezifesche Froen a Challenges dozou bruecht, hir Iddi weiderzedenken an ze verbesseren.

Allgemeng kruten d’Schüler e flotten Abléck an d’Aktivitéite vun de Mini-Entreprisen a konnten an de Gruppen un hiren Iddie feilen, Kreativitéit beweisen an hire Projet weiderdreiwen.

Skip to content