Am Kader vum Workshop „Youstice“, dee vum Zentrum fir politesch Bildung organiséiert gouf, hunn d’Optiounsklass Rechtsstaat a Justice (4GSO/4GIG), d’B2DD an d‘3GCMEA1 den 28. Oktober d’Cité judiciaire besicht.
D’Schülerinnen a Schüler hunn do gesinn, wéi richteg Geriichtsprozesser an der Praxis oflafen. Duerno hunn si an engem Workshop hir eege Froen zum Prozess an dem Justizsystem virbereet, déi si dunn engem Affekot an enger Procureur konnte stellen.
Um Enn vum Dag hunn si ee fiktive Prozess, an deem jiddweree selwer eng Roll um Geriicht iwwerholl huet, virbereet an an engem Geriichtssall nogespillt.
Enseignants: Martine Jodocy, Max Rodenbourg