Ee feierleche Moment fir eis BTS-Laureaten 2026!

De 16. Oktober huet déi feierlech Iwwerreechung vun de BTS-Diplomer 2026 am Grand Auditoire vun der Maison du Savoir um Campus Belval zu Esch-Uelzecht stattfonnt.

Am Kader vun der Zeremonie hunn d’Madamm Stéphanie Obertin, Ministesch fir Héichschoulwiesen, an d’Madamm Kim Heuskin, Presidentin vun der BTS-Kommissioun vum Collège des Directeurs, hir Usproochen un d’Laureatinnen an d’Laureate geriicht. Duerno goufen d’Diplomer an engem festleche Kader iwwerreecht.

Den LTEtt war bei dëser Editioun mat zwee Schüler vertrueden, een drëtte Schüler konnt deen Owend leider net deelhuelen. Mir gratuléieren alle Laureatinnen a Laureate ganz häerzlech a wënschen hinne vill Erfolleg a Gléck op hirem weidere berufflechen a perséinleche Wee.

Skip to content