Am Kader vun enger besonnescher Visitt haten e puer Schüler aus der Optioun Kriminalistik/Kriminologie vun der 4GSO a 4GIG d’Geleeënheet, d’Police um Verluerekascht an der Stad Lëtzebuerg kennenzeléieren. Empfaange goufe si vum Chefkommissär Paul Metzler, dem Chef vun der Spueresécherung zu Lëtzebuerg, deen hinnen een interessanten Abléck an déi villfälteg Aufgabe vun der Police ginn huet.
Wärend sengen Erklärunge sinn si vill Interessantes iwwer verschidden Zorte vu Strofdoten, hir Opklärung an déi wichteg Aarbecht vun der Spueresécherung gewuer ginn.
E besonneschen Highlight war d’Visitt vum Asazzenter. Do konnten si op verschiddene Bildschiermer d’Live-Biller vun den Iwwerwaachungskameraen aus der Stad Lëtzebuerg gesinn. Ausserdeem hunn si ee Raum besichtegt, an deem Tatuerter a Beweismaterial fotografesch dokumentéiert ginn, souwéi d’Zellen, an deenen déi festgeholl Persoune provisoresch ënnerbruecht ginn.
Dës Visitt huet eis eng eemoleg Geleeënheet gebueden, d’Aarbecht vun der Police aus noer Distanz kennenzeléieren. Déi vill interessant Ablécker hunn dëse Besuch zu enger gläichermoosse léierräicher an impressionanter Erfarung gemaach.
Begleetpersounen: Max Rodenbourg a Carole Schroeder