Demokratie léiert een net nëmmen aus de Bicher. Demokratie lieft dovun, datt jidderee sech engagéiert, Verantwortung iwwerhëlt an aktiv matgestalt.
Am Kader vun eiser Woch vun der Demokratie hunn eis Schülerinnen a Schüler eng ganz Rei Aktivitéiten op d’Bee gestallt. Ervirzehiewe sinn d’Atelieren, déi vu Schüler fir Schüler organiséiert goufen: Klassen hunn interaktiv Workshops fir 7e- a 4e-Schüler:innen ugebueden a sech zesumme mat hinne mam Thema Demokratie a Biergerbedeelegung auserneegesat.
E weideren Highlight war d’Konferenz mam Instagram-Professer Mouhamadou, « Le Prof », deen duerch seng „50 histoires vécues“ Themen ewéi Rassismus, Virurteeler an Diskriminatioun an der Schoul ugesprach huet. D’Schülerinnen a Schüler hunn dobäi d’Méiglechkeet gehat, aktiv matzediskutéieren an hir eege Meenungen anzebréngen.
Demokratie kann awer och duerch Konscht an Ausdrock gelieft ginn: An engem partizipative Museksatelier mam Abdou Day goufen Themen ewéi Fräiheet, Gläichheet, Diskriminatioun kreativ verschafft.
Och d’Ateliere vun One People ASBL hunn dozou bäigedroen, den Dialog iwwer Virurteeler, Identitéit an Zesummeliewen ze fërderen durch d‘Atelien „Racsim? Let’s talk about it!”
Beandrockend waren och „La voix des survivant(e)s“ vun der Asbl D‘Stëmm vun den Iwwerliewenden zum Thema sexuell, sexistesch, physesch a psychologesch Gewalt fir esou mat Tabuen ze briechen.
Duerch dës villfälteg Aktivitéite konnten honnerten Schülerinnen a Schüler sech intensiv mam Thema Demokratie a gesellschaftlecher Verantwortung beschäftegen.
🙏 E grousse Merci un all déi, déi dës Woch matgestalt hunn, an och un déi vill Léierpersounen déi sech mat hire Schüler:innen, iwwert d‘Affiche vum ZpB mat der Fro beschäftegt hunn: „Wat hues du haut scho fir d’Demokratie gemaach?“