De 16. November huet d’7G1 en ofwiesslungsräichen Dag um Bauerenhaff am Mariendall verbruecht.
D’Schüler:innen hunn entdeckt, wéi den Alldag vun engem Bauer ausgesäit, wat d’Kéi ze friesse kréien a wéi d’Mëllechmaschinne funktionéieren. D’Mëllech kënnt eben net fäerdeg am Kartong aus der Kou!
Um pedagogesche Bauerenhaff war duerno selwer Upaken ugesot: Déiere fidderen, strigelen an de Stall ausmëschten. Dobäi hunn d’Schüler:innen geléiert, wéi d’Gebëss an d’Ernärung vun den Déieren zesummenhänken a wat bei enger gudder Déierenhaltung wichteg ass.
Och an der Kiche gouf fläisseg geschafft: Vum Kar zum Brout a vun der Mëllech zu Botter a Kéis konnten si entdecken, wéi eis Liewensmëttel hiergestallt ginn. Hei gouf net nëmme Wësse gekniet, mee och Deeg!
D’Schüler:innen hate vill Spaass, ware virwëtzeg an hu ganz aktiv matgemaach. Et huet hinne gutt gedoe, fir e puer Stonne raus aus dem klassesche Klassesall ze sinn an sech kënne méi ze beweegen! D’Iris May huet si mat vill Fachwëssen a Begeeschterung fir d’Déieren an d’Liewen um Haff matgerappt a si sinn mat vill neiem Wëssen an no engem ofwiesslungsräichen Dag zefridden heemgaang.