E Bléck hannert d'Kulisse vum Bauerenhaff:

Den 9. November huet d’Klass 7P2 en ofwiesslungsräichen an erliefnisräichen Dag op der Ferme pédagogique Vosman an op der Ferme pédagogique vum SNJ verbruecht.

Op der Ferme pédagogique Vosman kruten d’Schüler en interessanten Abléck an d’Haltung an d’Fleeg vu Kéi. Duerno goung et op bei den SNJ, wou si selwer aktiv mat upake konnten: Si hunn d’Käre gemuel, Bréidercher gebak a Botter hiergestallt. Am Nomëtteg stoung d’Fleeg vun den Déieren um Programm, wou d’Schüler sech ëm d’Véi gekëmmert hunn.

Et war en ofwiesslungsräichen Dag voller nei Andréck a wäertvoller praktescher Erfahrungen, bei deem natierlech och de Spaass net ze kuerz koum!

Skip to content