Dëst Schouljoer feiert de Lycée Technique vun Ettelbréck seng 50 Joer an dofir wor am Mäerz am CAPE eng grouss Gebuertsdagsfeier. Nieft dem aktuelle Personal haten awer och vill fréier Enseignanten a Frënn vum LTEtt de Wee an de CAPE fonnt. Si goufen direkt mat engem musikalesche Flashmob iwwerrascht, bei deem en Enseignant-Ensembel den Happy Birthday mat Instrumenter a verschiddenen Ecker vum Sall ugestëmmt huet.

Den Direkter vum Lycée Fränk Fries huet e klengen Abléck an d’Vergaangenheet vum Lycée ginn, mee huet och e Bléck an d‘Zukunft gehäit: De Lycée mam Schwéierpunkt Educatioun zur Nohaltegkeet wäert sech duerch seng Erweiderung um Site vun der haiteger Akerbauschoul nach méi kënnen dofir asetzen, datt vill jonk Leit eng optimal Ausbildung kréien an duerch en individuellen Encadrement gutt op d’Erausfuerderunge vum Liewe virbereet ginn. Dacks gouf deen Owend betount, datt de Mënsch am Lycée Technique vun Ettelbréck am Mëttelpunkt steet, souwuel vum Chamber-Präsident Fernand Etgen, awer och vum Educatiounsminister Claude Meisch.

Als Zeeche vun der Verbonnenheet zur Gemeng Ettelbréck kruten de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf an den Direkter fir Wunn- an Dagesstrukture vum Centre Pontalize & De Park, de  Jean Feith allebéid ee Beem iwwerreecht. D‘Zil vum Lycée ass et nämlech am Kader vun de 50 Joer-Feierlechkeeten insgesamt 50 Beem an der Gemeng Ettelbréck ze planze fir weider nohalteg pedagogesch Projeten opzebauen, mee och fir d‘Zesummenaarbecht mat de Partner an der Gemeng ze stäerken.

Nieft vu Schüler produzéierte Filmer zur Geschicht vum Lycée an zum Alldagsliewen an der Schoul gouf et awer och e kuerzweilege musikaleschen an dänzereschen Encadrement vu Schüler an Enseignanten. Zum Ofschloss hunn fréier Membere vun der LTEtt-Band hirer aler Schoul nach e rockege Gebuertsdagscadeau gemaach. Als Erënnerung mat heem huele konnt een sech no engem gesellege Patt d’Buch „50 Joer Lycée Technique d’Ettelbruck“, an deem d’Geschicht vum Lycée an d’Entwécklung vun den eenzele Schoulfächer am Lycée am Laf vun der Zäit  duergestallt sinn.

Categories: News

Skip to content