Sportsektioun « Badminton » fir Schüler vu 7ème bis 1ère
Zil vum Projet:
Spillen a Spaass hunn
Sportlech aktiv sinn
Seng Technik am Badminton verbesseren
Sportsektioun « Basketball » fir Schüler vu 7ème bis 1ère
D’Schüler kënnen 1x an der Woch Basketball spille kommen. Sie kennen entweder einfach op de Kuef schéisse komme fir d’Technik ze verbesseren oder ee Match géint déi aner Schüler spillen.
Et gëtt keng Verflichtung fir ëmmer mussen ze kommen an et muss een sech och net umellen.
Zousätzlech ass och nach puer Mol am Joer een Turnéier géint aner Schoulen am Kader vun de Lasel Sportaktivitéiten.
Zil vum Projet: Sportlech Betätegung a Verbesserung
vun der Spillfäegkeet am Basket
Sportsektioun « Dëschtennis» fir Schüler vu 7ème bis 1ère
Zil vum Projet:
Verbesserung vun der Technik
Spillen a Spaass hunn
Punkte sammele fir d’Klassement vum Sportsausfluch
Sportsektioun « Fitness » fir Schüler vu 7ème bis 1ère
Méiglechkeet fir d’Schüler an der Mëttesstonn Fitness a Muskelatioun ze maachen
Mir fueren all Woch, am Grupp, een Tour duerch Becher ronderëm Ettelbréck. Dobäi si mir iwwert 60min mam Mountainbike ënnerwee an maachen +/- 20km. Et geet biergop, biergof, iwwert Asphalt an natierlech och iwwert méi schwéiert Geländ am Bësch.
Eegent Material duerf een matbréngen, awer mir hunn och genuch Vëloen an Helmer am Lycée.
Ab Abrëll 2022!
Sportsektioun « Schwammen » fir Schüler vu 7ème bis 1ère
Schüler kennen an hirer Fräizäit Schwamme goen.
Wann de Wonsch besteet kennen se hier Technik verbesseren oder einfach nëmmen Ausdauertraining maachen.
Sportsektioun « Volleyball » fir Schüler vu 5ème bis 1ère
D’Schüler kënnen 1x an der Woch Volleyball spille kommen. No engem kuerze „Warm-Up gi Matcher gespillt.
Et gëtt keng Verflichtung fir ëmmer mussen ze kommen an et muss een sech och net umellen. Zousätzlech ass och nach puer Mol am Joer een Turnéier géint aner Schoulen am Kader vun de Lasel Sportaktivitéiten.
Zil vum Projet: Sportlech Betätegung a Verbesserung vun der Spillfäegkeet am Volleyball
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy