Een entspaanten a léierräichen Tour duerch eisen Arboretum:
Den éischten After Work Walk am Arboretum hei zu Ettelbréck hat vill Succès! Mat eisem Guide Eike Jablonski si mir iwwert de Site getrëppelt a krute vill Informatiounen zum Thema Blütengehölze. Wosst Dir z.B., datt den Numm Paulownia (dt.: Blauglockenbaum) a Verbindung zu Lëtzebuerg steet an datt dëst Holz sou liicht a schwéier entflambar ass, datt et a Japan fir déi traditionell feiersécher Kimono-Schief geholl gëtt? Sidd Dir virwëtzeg? Da kuckt reegelméisseg an eisen Agenda fir déi nächst Evenementer net ze verpassen! Hei och nach e puer flott Andréck vum Tour vum 13. Mee:
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy