Eng flott Woch am Schoulbongert!

Bei beschtem Wieder haten eis Schüler d’lescht Woch d’Geleeënheet am Bongert vum LTEtt Äppel ze rafen an duerno mat Hëllef vum Service Technique doraus hiren eegene Viz ze pressen. An dës Aktioun hat nawell grousse Succès! Am Ganzen hu bal 180 Schüler un dëser flotter Aktivitéit, bei där d’Zesummenaarbecht gefërdert gëtt, deelgeholl. D’Schüler vun der 7P2 hunn eis och e puer flott Fotoe gemaach:

Skip to content