De 7. Juni war d’4GPS2 op en Ausfluch an d’Stad, fir de Projet pédagogique vum ausserschoulesche Léieren ofzeschléissen. D’Schüler hate sech a Gruppen opgedeelt a sech Plazen erausgesicht, déi si als Guide der ganzer Klass sollte virstellen. Sou hu si d’Arbedsgebai, d’Gëlle Fra, d’Kathedral, d’Monumenter vum Dicks/Lentz a vum Michel Rodange, d’Chamber, de Palais an d’Melusina-Statu besicht. D’Wieder huet matgespillt a si hate Chance, datt d’Monument fir de Michel Rodange grad kuerz do virdrun nei “ageweit” gouf. Wéi der op de Fotoe gesitt, hat d’Klass och hire Spaass. Begleet goufe si vun hiren Enseignanten, der Mme Feider an dem Här Helbach.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy