Jugendkultur si vill flüchteg Momenter, déi ganz grouss erlieft ginn.
De Jonke wëll all Moment erliewen, well en se nach net all kennt oder ëmmer nach mengt, eppes Neies an deem Moment ze erkennen. Oder erkennen ze mussen. Dat si Momenter vu Jonksinn, déi zu Jugendkultur ginn.
D’Ausstellung Jonk sinn. Momenter vu Jugendkultur sicht no der Identitéit vum Jonksinn. Net nëmmen eng eenzeg Identitéit, mä vill verschiddener. Och net just eng Kultur, mä vill verschidde Kulturen. Grad zu Lëtzebuerg, wou verschidde Sproochen an Nationalitéiten den Toun uginn, souwuel vum Liewensgefill wéi och ënnert de Jugendleche selwer.
Vernissage : 06.03 um 18:30.
Wéini?
Expo : 24.02.25 bis 14.07.25 vu Méindes bis Freides vu 14:00 bis 17:00.
Wou?
Mierscher Theater
53, rue Grande-Duchesse Charlotte
L-7520 Mersch
Programm ronderëm der Ausstellung :
Féierungen op Ufro iwwert : Jugendkultur@snj.lu.
12.03. Karaoke 18:30 – 21:00
Wat sinn déi beschten Tunes aus denger Jugend? Sang däi Liblingslidd ganz haart mat!
All Sproochen si wëllkomm.
28.03. Open-Mic: Spoken Word & Rap 18:30 – 21:00
Wann s de rapps, huet eisen DJ déi néideg Beats fir dech! Mä du kanns och deng Poesie, eng selwergeschriwwe Geschicht oder e Comedybit presentéieren.
Special Guests sinn och agelueden, mä gi méi spéit ugekënnegt.
All Sproochen si wëllkomm.
25.04. Open-Mic: Singer/Songwriter 18:30 – 21:00
Mir hunn de Piano, eng Gittar a Mikroe sur place. Du hues e Lidd (däin eegent oder e Cover), wat dech markéiert huet a wat s de spille wëlls? Du bass häerzlech wëllkomm!
Special Guests sinn och agelueden, mä gi méi spéit ugekënnegt.
All Sproochen si wëllkomm.
19.06. Table ronde: „Living together in diverse societies“ 19:00 – 21:00
Zesumme mam Conseil de l’Europe, Service National de la Jeunesse an dem Jugendrot.
Op lëtzebuergesch. English translation.