Ausfluch op Burfelt:

Am Kader vun den BNE Awards hunn d’Studente vum BTS den 3. Präis gewonnen an hunn als Belounung ee flotten Ausfluch op Burfelt mam Thema “Survival” kritt.

Dohannen hunn si geléiert, wéi een eng Hütt am Bësch baut, e Läffel aus engem Hieselnëss Bamstamm hierstellt an e Feier mécht. Als Ofschloss hu mir zesumme Stockbrout giess a waarme Lannentéi gedronk.

Et war ee richteg flotten Dag an der Natur, un dee si vill gutt Erënnerunge behale wäerten.

Skip to content