D’Netflix-Serie Adolescence schléit héich Wellen!

Si weist op eng realistesch a stelleweis schockéierend Aart a Weis, wéi eng grouss Roll d’sozial Medien am Alldag vu jonke Leit spillen. Fir vill Jugendlecher si sozial Netzwierker eng eege Welt mat eegene Coden, Trends a Manéieren, wéi se dës Plattformen notzen. Als Erwuessener hu mir net ëmmer déi néideg Abléck, fir wierklech ze verstoen, wat sech dohannert verstoppt. Mir gesinn dacks just d’Bild vun engem Smartphone an hirer Hand – mee wat se wierklech dorop maachen, bleift eis oft verstoppt. Oder mir interpretéieren et anescht, well mir dovun ausginn, si géifen dës Plattformen esou notze wéi mir dëst maachen – obwuel dat net de Fall ass. Mir si zwar selwer op sozialen Netzwierker aktiv, mee mir follegen anere Leit, benotze se anescht an interpretéieren Inhalter aus enger anerer Perspektiv.

 

E Verglach aus der “analoger” Welt – am Internet verhält et sech t selwecht.

Emojis an der digitaler Kommunikatioun

Wéi och bei den Erwuessene sinn Emojien e festen Deel vun der Online-Kommunikatioun bei Jonken. Si ersetzen net-verbal Signaler, hëllefen dobäi Gefiller auszedrécken – a ginn jee no Community op ganz ënnerschiddlech Aart a Weis benotzt. Heiansdo entstinn souguer fest Bedeitungen oder Coden, déi fir Erwuessener net direkt verständlech sinn, well mir se anescht benotze ginn ewéi déi Jonk.

E Beispill aus der Serie Adolescence:

🧨 Dynamit: Steet fir en Incel – e Mann, dee sech gesellschaftlech benodeelegt fillt.

💯 100-Emoji: Symboliséiert d’„80/20-Regel“, no där nëmme wéineg Männer als attraktiv gëllen – e reegelméissegt Argument an Incel-Foren.

💊 Rout Pëll: Spillt op déi vermeintlech „Erkenntnis“ un, dass Frae manipulativ wieren an dass Männer systematesch benodeelegt géifen.

Eng interessant Ressource mat weidere Beispiller: https://resources.saferschoolstogether.com/view/294238754/6/

 

Wat maachen?

Grondsätzlech gëllt: Et ass net méiglech all d’Bedeitunge vun Emojis oder all déi neisten Online-Trends vun de Jonken ze kennen. Dat muss och net sinn.

1.       Oppen a roueg bleiwen

Schwätzt mat de Jonken iwwert hir Erfarungen am Internet – ouni dëst ze bewäerten. Frot no, wat verschidde Symboler oder Trends bedeiten.

2.                   Mediekompetenz  fërderen

Reservéiert en Training vu BEE SECURE fir Är Klass wéi eng Trainings vu BEE SECURE dir kënnt fir Är Klass reservéieren: Training reservéieren

3.                       Hëllef huelen

Wann der mierkt, datt bei enger Schülerin oder engem Schüler eppes ass, an dir Iech awer onsécher spiert, da bleift net alleng a schwätzt mat engem. Sief et an der Schoul oder sief et mat engem externen Déngscht wéi zum Beispill mat de Leit vun der BEE SCURE Helpline. Dës vertraulech a gratis Berodung kritt dir um 8002 1234 oder schrëftlech iwwer bee-secure.lu/helpline.

4.                   Um Neiste Stand bleiwen

Reservéiert dës Formation continue fir Är Schoul : TikTok, Instagram & Co. – Was machen Kinder und Jugendliche eigentlich derzeit online? (Für Lehrkräfte, pädagogische Fachkräfte)

Mellt iech elo un fir déi nächst BEE SECURE Updates automatesch iwwer E-Mail ze kréien

👧🏼Dir sitt am Enseignement fondamental aktiv? Klickt hei fir d’Aschreiwung

De BEE SECURE UPDATE faasst déi aktuell Themen zesummen, déi am Moment an der digitaler Welt wichteg sinn an Hinsicht op d’ Missioun fir eng méi responsabel a sécher Notzung vum Internet ze sensibiliséieren. Méi Informatiounen zu BEE SECURE fannt Dir hei.

Zéckt net dës Mail weider ze leeden fir d’ Messagen ze deelen. Bei weidere Froen oder Feedback zum BEE SECURE UPDATE oder den Offeren, zéckt net BEE SECURE iwwer de Kontaktformular ze kontaktéieren.