E staarkt Zeeche fir den europäeschen Zesummenhalt a Biodiversitéitsschutz!

De 5. Juni 2025 gouf de „Beedabei Kompass MegaStern“ am LTEtt Arboretum zu Ettelbréck opgeriicht – ee Konschtwierk aus 50 giele Beedabei-Këschten, déi mat beiefrëndleche Planze gefëllt waren. Dëst Evenement ass am Kader vun der LUGA 2025 realiséiert ginn an huet e staarkt Zeeche fir den europäeschen Zesummenhalt a Biodiversitéitsschutz gesat.

D’Kompassrous soll Orientéierung a Verbonnenheet symboliséieren a gouf speziell fir dëse Projet entwéckelt. Eng nei giel Rousen-Zort, déi speziell fir Beedabei gezillt gouf, gouf am Kader vum Evenement offiziell vun der Landwirtschaftsministesch, der Madame Martine Hansen, gedeeft a gewisen.

Nom Opriichten an Aweie goufen d’Këschten un de Public verdeelt, fir datt d’Konschtwierk sech symbolesch an der Gesellschaft “opléist” a seng Missioun an d’Privatraim droe kann. Beedabei steet domat fir konkret Engagement am Déngscht vun der Aartevillfalt.

Skip to content