De Projet personnel encadré op der GSE-Sektioun erméiglecht eise Schüler*Innen sech dräi Schoulstonne pro Woch selwer engem Thema unzehuelen, dat si besonnesch wéinst hiren Hobbyen oder spéidere Studien- a Beruffswënsch, interesséiert. Esou huet de Projet “Bëschhotel” vum Céline a Joey vun der 1GSE net nëmmen ee Bezuch zur Ëmwelt, mee och ee pädagogeschen Deel. Zesumme mat dem Cycle 3.2 aus der Gemeng Biekerech gëtt dëst Schouljoer e klenge “Bëschhotel” gebaut, wou verschidde wëll Déierenaarten een Doheem kënne fannen. Virun der Chrëschtvakanz stoung een “Bësch-Bingo” um Programm, wou fënnef Gruppen aus der Grondschoul vu Biekerech am Bësch déi néideg Materialie fir an den “Bësch-Hotel” mat vill Spaass a Begeeschterung gesicht hunn. Pro richtegt Material gouf et ee Punkt op der Bingo-Kaart a wann ee ganzen Eemer voll gesammelt gouf, krut de Grupp zwee Punkten. Zum Schluss goufe Kanner aus dem beschte Grupp, verdéngt mat 16 vu maximal 18 Punkten, als “Bëschkinnigin” an “Bëschkinnik” gekréint. Virun der Ouschtervakanz gëtt den “Bësch-Hotel”, deen am Moment am LTEtt gebaut gëtt, zesummen zu Biekerech opgebaut. E grousse Merci un d’Léierpersonal vum Cycle 3.2 an de Fierschter a seng Ekipp vu Biekerech fir déi flott Zesummenaarbecht.