Heimat wëll ech Iech ganz häerzlech op déi 6. Editioun vun der Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE Foire) invitéieren. Des Foire fënnt de 25. Mäerz 2025 am Forum Geesseknäppche statt.
De ganzen Dag iwwer steet den aktiven Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an den ONGen am Vierdergrond, sief et duerch iwwer 65 Stänn, déi déi ënnerschiddlechst pedagogesch Offeren an der Nohaltegkeet interaktiv ubidden, oder awer och duerch 10 Weiderbildungen, an deenen Erfarungen ausgetosch an nei Impulser fir pedagogesch Projete gesat kënne ginn. De geneeë Programm fannt Dir am Programmheft am Anhang grad esou wéi op www.bne.lu
Nei dëst Joer ass, datt d’Participante vun der Foire net nëmmen d’Weiderbildungen, un deenen si deelhuelen, vum IFEN zertifizéiert kréien, mee och fir d’Visitt vun de Stänn 1 Stonn Formation continue ugerechent kréien. Umelle musst Dir Iech a béide Fäll iwwer den IFEN (QR-Coden am Programmheft).
An der Mëttesstonn ass den offiziellen Deel mat de Ministere Claude Meisch a Serge Wilmes. Fir nohaltegt, lokaalt, saisonaalt a fairt Iessen a Gedrénks suergt Restopolis.
Fir eventuell Froe kënnt Dir Iech gären u foire@bne.lu wenden.
Zesumme mat onse Partner vun der Direction de la coopération au développement et de l’action humanitaire, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au développement durable freeën ech mech, Iech de 25. Mäerz ze begréissen an déi villfälteg Offer ze entdecken.
Gären kënnt Dir Iech och schonn de Séminaire pour l’éducation au climat an Äre Kalenner androen. Dëse fënnt am Kader vun der Lëtzebuerger Presidence vun der Benelux Unioun de 26. a 27. Mäerz am Biodiversum zu Rëmersche statt a gëtt och als Formatioun unerkannt. Weider Detailer dozou loosse mir Iech an deenen nächsten Deeg an enger separater Mail zoukommen.
Mat beschte Gréiss,
Luc Weis
Direkter vum SCRIPT