Dës Kéier waren d’Student vum BTS „entreprise et développement durable“ op d'Musel:
Als éischt ass et op de Schengener Stroumbierg vill Trapen erop gaange fir eng schéin Aussiichtop den Dräilännereck ze genéissen.
Duerno goung et Richtung Rëmerschen op eng Visite guidé am Biodiversum: Ee grousse Merci un der Här Steve Jungen fir déi flott Visitt!
Hien huet sech fir des Féierung vill Zäit geholl an de Studenten en Abléck ginn an d’Komplexitéit fir déi ecologesch, economesch a sozial Ziler an esou eng, aus Mënschenhand erschaffte Biotop, ënnert een Hutt ze kréien.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy