Mir wëllen iech doriwwer informéieren, datt eisen Haff tëscht dem Haaptgebai an der Sportshal an der Vakanz nei gemaach gëtt. D’Preparatioune fir dëse Chantier fänke schonn an der Woch vum 31. Mäerz un. Duerch des Aarbechte fält am Preau eng sortie de secours ewech; de Wee vun enger neier provisorescher sortie de secours wäert ausgeschëldert sinn.
Och de Basketsterrain / Parking vum Service Technique wäert zou sinn an do ass dee Moment keen Duerchgang an d’Annexe méiglech.
Mir soe Merci fir äert Versteesdemech!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy