Gëschter Owend war den Ofschloss vun der LUGA am LTEtt Arboretum. Ugefaangen mat engem weidere flotten an informativen Trëppeltour fir déi interesséiert Leit, gouf et duerno e puer Usprooche vun eiser Direktioun, dem Buergermeeschter vun Ettelbréck, Bob Steichen a vun eisen Arboretum-Experten éier den Owend bei engem gudde Maufel an engem Patt ausklénge gelooss ginn ass. Niewebäi konnten d’Leit och ee flotte Video iwwert den Arboretum kucken – an dësem gesäit ee flott Biller vun uewen an déi wichteg Aarbecht déi vun eisem Service Technique geleescht gëtt fir dee ganze Site a Schoss ze halen. Merci all deene Bedeelegten un dëser Produktioun! An och wann et gëscht geheescht huet «Closing Party» – haalt roueg wieder d’An op fir weider flott Tier an Evenementer am Arboretum!