D'Inscriptioune fir de Speedtyping Concours 2026 sinn op!
Geschwënn ass et nees souwäit !
Vum 1. Dezember 2025 un kënnt dir Är Schüler erëm iwwert eise Blog http://lux-speed-typing2015.blogspot.com/ fir de Concours Speed-Typing 2026 aschreiwen. D’Inscriptioune si bis den 11. Januar 2026 méiglech.
Motivéiert Är Schüler fir ze participéieren:
– All Schüler, deen di dräi Texter gepackt huet, kritt en Diplom vum Groupement national Intersteno (1)
– Säit dem leschte Joer besteet keng Méiglechkeet méi, fir en Certificat ze kréien, wann een just eng, oder zwou Sprooche gepackt huet. An trotzdeem hu mir un 125 vun 507 Schüler hire wuelverdéngten Diplom verdeelt.
– De Concours gëtt an der Zäit vum 13. Januar – 14. Februar 2025 geschriwwen.
Enn 30. Juli 2026 ass zu Liverpool d‘Weltmeeschterschaft am Schnellschreiwen. Sou wéi och 2018, 2022, 2024 wier et flott, wann nees eng Lëtzebuerger Delegatioun mat deene allerbeschte Schüler kéint dorunner deelhulen. Wann dir Froen zum Training hutt, wend iech w.e.g. un d’Marlène Brito oder un d’Pascale Kasel.