CREATIVITY CAMP
organiséiert vun de Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg
de 6 Oktober an der Rockhal:
Am Fach « GESPJ-Gestion de projets » leeft dëst Joer nees de Projet Mini-Entreprises am Kader vun de Programmer vun de Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg op eisen 2GCG(F) an 2GCC(F) Klassen.
Mëttes, de 6 Oktober waren eis iwwer 30 Schüler present um Creativity Camp, den an der Rockhal zu Esch organiséiert gouf.
D’Equippe sinn do an zwou Gruppen agedeelt ginn:
D’Gruppe mat enger Iddi, sinn duerch den Design-Thinking-Prozess guidéiert ginn, fir eng éischt Iddi auszeschaffen.
Déi aner goufe mat méi spezifesche Froen a Challenges dozou bruecht, hir Iddi weiderzedenken an ze verbesseren.
Allgemeng kruten d’Schüler e flotten Abléck an d’Aktivitéite vun de Mini-Entreprisen a konnten an de Gruppen un hiren Iddie feilen, Kreativitéit beweisen an hire Projet weiderdreiwen.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy