D'2GSE an der Grondschoul zu Mäerzeg:

Op Initiativ vun der Commission verte vun der Mäerzeger Gemeng huet 2GSE an hirem Fach ETCAS (Études de cas) ee Fallbeispill zum Offall zesumme mat enger Schoulklass vum Cycle 4.2 vu Mäerzeg analyséiert. An der éischter Seance vum 8. Mee an der Grondschoul zu Mäerzeg gouf zesummen ausgeschafft wou vill Offall ufält, deen net korrekt an de Poubellë lant. Zesummen an dräi Gruppe goufen sech déi Plazen ugekuckt an den entspriechenden Offall analyséiert an dokumentéiert. An der zweeter Seance vum 15. Mee huet sech 2GSE du mat der Offallsammlung an der -vermeidung vun der Gemeng Mäerzeg auserneegesat an interaktiv Quizspiller zu deen eenzelen Themen ausgeschafft. An enger drëtter Seance, den 22. Mee gouf unhand vun deene Léierspiller, erëm zesumme mat de Schülerinnen a Schüler vun der Cycle 4.2 Klass, ausgeschafft wéi een den Offall nach besser sammele kann. All Grupp wäert der Commission Verte vun der Mäerzeger Gemeng hier Virschléi a Form vun engem Rapport matdeelen. E grousse Merci un déi Responsabel vun der Gemeng Mäerzeg an un den Här Derek Wilson zesumme mat senger Schoulklass fir déi flott Zesummenaarbecht.

Skip to content