Rëmeleng/Leiffraeschen - Naturpark & Musée National des Mines:

D’Schülerinnen a Schüler vun der 2GNSF an dem BTS développement durable (B1DD) hunn den 23. Abrëll en Ausfluch op Rëmeleng/Leiffraeschen gemaach. Et war eng räich an ofwiesslungsräich Erfarung, déi eise Schüler d’Bedeitung vun eiser Industriegeschicht an d’Vilfalt vun eiser Natur méi no bruecht huet.

D’Visitt huet Moies zu Leiffraeschen am Naturschutzgebitt beim Monument des Mineurs ugefaangen, wou d’Schüler eng impressionant Panoramasiicht op eist Land kruten.

Dono goung et zu Fouss a Richtung Tagebau wou mir ënnerwee och nach Fossilie gesicht a fonnt hunn.

Nom Mëttegiesse stoung dunn de Besuch am Musée National des Mines um Programm, éier et mam Zuch an d’Minen an d’Galerie goung. Hei kruten d’Schülerinnen a Schüler eng Visite guidée, déi hinnen e konkreten Androck vun der haarder Aarbecht an dem Liewe vun der Mineure ginn huet.