An der Woch virun der Fuesvakanz hunn d’Schüler*innen vun der 2GSO3 de Musée Patton zu Ettelbréck besicht. Bei der Visitt huet de Guide den Akzent op den Zweete Weltkrich zu Ettelbréck an Ëmgéigend geluecht. D’Klass krut déi permanent Ausstellung gewisen a krut sou een Abléck an d’Lokalgeschicht. Et ass iwwer Theme wéi däitsch Besatzung, Alldagsliewen am Krich, Befreiung, Patton Town a Remembrance Day diskutéiert ginn.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy