Een interessanten Abléck an d'Funktioune vun enger Busgesellschaft!
Am Kader vum Fach “ENAP2&3” huet d’2TPCM1 d’Firma Voyages Emile Weber besicht. Hei kruten d’Schüler en Abléck an den Alldag vun enger Busgesellschaft; wéi ginn d’Touren organiséiert, wat geschitt wann e Bus ausfält, wéi funktionéiert déi ganz Logistik am Hannergrond? Des weidere kruten d’Schüler:inne déi verschidde Servicer gewisen an erkläert, esou zum Beispill de Stock, d’Comptabilitéit, an d’Ressource humaine ënner anerem. D’Klass seet Emile Weber villmools Merci fir des Visitt an och fir d’Ënnerstëtzung als Entreprise marraine fir hier fiktiv Entreprise d’entrainement Travel2Bee.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy