YOUstice!

Am Kader vum Workshop „YOUstice“, dee vum Zentrum fir politesch Bildung organiséiert gouf, hunn d’Klassen 2TPCMF/2, 4GCMEA-1 an 3GCMEA-1 de 15. Januar d’Cité judiciaire an der Stad besicht.

D’Schülerinnen a Schüler konnten ënnert anerem gesinn, wéi ee richtege Geriichtsprozess an der Praxis ofleeft. Duerno hunn si sech Froen iwwerluecht déi si engem Riichter vum Zivilgeriicht, engem Affekot (Philippe Penning) an der Präsidentin vun der Chambre correctionnelle konnte stellen.

No der Mëttespaus hunn si dunn ee fiktive Prozess, an deem jidderee selwer eng Roll um Geriicht iwwerholl huet, virbereet, fir dee schlussendlech an engem Geriichtssall ze simuléieren.  

Begleeder: Conny Arendt, Max Rodenbourg

Skip to content