En erliefnisräichen a beweegenden Ausfluch zum Schluss vum Schouljoer:

Den 3. Juli sinn d’Klassen 3GCMFP an 2TPCM1 moies fréi a Richtung Frankräich gestart. Den éischte Stopp war d’Boehli-Bretzelfabrik, wou d’Schüler e spannenden Abléck an d’Hierstellung vun de Bretzele – an eng kleng Degustatioun dobäi – kruten. 

Den nächsten Halt war Stroossbuerg, wou d’Schüler Fräizäit hate fir zesummen duerch d’Stad ze trëppelen. Duerno hunn si bei enger Bootstour iwwer d’Ill d’Stad aus enger anerer Perspektiv gesinn. Een Highlight war de Besuch vun der imposanter Kathedral vu Stroossbuerg. Den Dag gouf ofgeschloss mat engem gemittlechen Owendiessen an der Stad. 

Freides stoung de Besuch vum fréiere Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof um Programm – eng beweegend an nodenklech Erfarung. Duerno hunn d’Klassen sech nees op de Réckwee op Ettelbréck gemaach.