Wéi funktionnéiert déi lëtzebuergesch Justiz?

Den 22 Mee waren d’Klassen 3GCMP1 an 3GCMP2 an d’Stad op eng Visitt vun der Cité Judiciaire. Fir d’éischt sinn d’Schüler*Innen vum Här Henri Eippers, dem Pressespriecher vum Lëtzebuerger Gericht, empfaange ginn. Si kruten de Lëtzebuerger Justizapparat explizéiert an de flotte Site, mat sengen verschiddene Gebaier a Geriichter, erkläert.

Duerno sinn si an e Geriichtssall vum Bezierksgeriicht gaangen a konnten do zwou spannend an interessant Verhandlunge mat erliewen.

Si goufe begleet vun der Mme Sanchis, der Mme Hilger, der Mme Braas an dem Här Hilger.

Skip to content