Eng wichteg Sensibiliséierungscampagne am CHdN!

De 4. Februar waren d’Klassen 4GPS2 an 3GPS1 an den ChdN fir Informatiounen zur Kribspreventioun zu Lëtzebuerg ze kréien. Nieft den Ekippen aus dem CHdN, waren ënnert anerem follgend vun hire Partner vertrueden: Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale Luxembourg, Europa Donna Luxembourg asbl, Think Pink Lux, ALGSO ALGSO – Groupe Sportif Oncologique, Omega 90, Centre de Réhabilitation du Château de Colpach et @Nutricia.be. Si ware fir all Renseignement a praktesch Informatioun iwwert Präventioun vum Kriibs do. Et war e flotten Austausch deen de Schüler an engems d’Méiglechkeet ginn huet gewuer ze ginn, wou si nach weider Stagen an de Gesondheetsberuffer kenne maachen.

Skip to content