Eng spannend Erfarung am Kader vum YOUstice Atelier!
Am Kader vum YOUstice Atelier, engem Projet vum Zentrum fir politesch Bildung (ZPB), haten zwou Klassen aus eisem Lycée d’Geleeënheet, un engem aussergewéinlechen Atelier deelzehuelen: Eng Visitt beim Tribunal d’arrondissement an der Stad Lëtzebuerg. Dëse Projet huet sech zum Zil gesat, jonk Leit fir d’Themen Demokratie a Rechtsstaatlechkeet ze sensibiliséieren. D’Schülerinnen a Schüler kruten net nëmmen en Abléck an d’Aarbecht vum Geriicht, andeems si u verschidde Verhandlungen deelgeholl hunn, mee si konnten och uschléissend aktiv mat Juristen a Magistraten diskutéieren. Déi Jonk konnten esou den Aarbechtsalldag um Geriicht besser kenne léieren.
Merci dem ZpB an dem Patricia fir d’Organisatioun vun dem flotten Atelier.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy