Den 1. Februar hunn d‘3GSO1 an d‘3GSO3 d’„RTL City“ um Kierchbierg besicht. D’Schülerinnen a Schüler kruten hei en Abléck an den Alldag bei engem Radios- an Televisiounssender. Am groussen Ophuelraum gouf fir d‘éischt erkläert, wéi eng Radiosemissioun entsteet. Dono goung et weider an den Televisiounsstudio. Och hei konnten d’Schülerinnen a Schüler e Bléck hannert d’Kulisse geheien, an dat besonnesch am Beräich vun der Technik. Zum Schluss kruten d‘Schülerinnen a Schüler dunn nach aus éischter Hand erkläert, wéi den Eldoradio schafft an opgebaut ass.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy