Eis Stad mol op eng aner Aart a Weis kenneléieren:

D’3GSO1 huet de 14. Juni um Rallye Citoyen deelgeholl. All Joers organiséiert de Jugendrot dësen thematesche Rallye duerch d’Stad Lëtzebuerg. Hei kréien d’Schülerinnen a Schüler net nëmmen d’Geleeënheet eis schéi Stad ze entdecken, mee och e spezifescht Thema ze erfuerschen. Dëst Joer loung de Fokus op Europa. De Prinzip vum Biergerrallye ass einfach: D’Schülerinnen a Schüler entdecken eegestänneg 7 bis 8 Statiounen op verschiddene Plazen an der Stad. Héi erwaarde si Aktivitéiten a Spiller. De Biergerrallye ass och e Concours: Et geet dorëms esou vill wei méiglech Punkten ze sammelen a géint aner Lycée’en unzetrieden. Eis Schülerinnen a Schüler hu sech gutt geschloen och wann et net ganz duergaangen ass fir déi éischte Plaz. Trotzdeem haten si vill Spaass an hunn eis Stad, Europa an eis Demokratie op eng bëssen aner Aart a Weis kennegeléiert.

Skip to content