D’Klass 3GSO2 war Ugangs Oktober fir 2 Deeg am Mariendall beim SNJ an huet do un engem Workshop deelgeholl. Zil war et den Teamgeescht an d’Zesummenaarbecht tëscht de Schüler ze stäerken. Um Programm stoung ënnert anerem ee flotten Hiking-Tour duerch de Bësch. Duerno hunn d’Schüler un engem Atelier mam Thema « CV Video » deelgeholl. Eng perfekt Geleeënheet vir jiddereen driwwer nozedenken, wou engem seng Stäerkten a Schwaachpunkte leie, a wat ee berufflech a privat erreeche wëll! Mir hoffen datt eis Schüler vill matgeholl hunn an elo motivéiert an dat neit Schouljoer starten!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy