2 Visitten am Kader vum Cours « Project Management » :

Am Kader vun dësem Cours war d’4GCMP op Besuch bei 2 verschiddenen Entreprisen: Hydro Aluminium an CFL.

Zu Klierf huet Hydro Aluminium hire gréisste Site an Europa, wou och hir Haaptaktivitéit,- d’Recycléierung vum Aluminium – stattfënnt. D’Schüler*inne kruten als éischt vun der Ressources Humaines eng Virstellung vun der Entreprise souwéi Erklärungen zu de Sécherheetsreegelen. Duerno haten d’Schüler*innen d’Méiglechkeet mat 2 Ingenieuren en Tuer duerch d’Fabrick ze maachen. Do hu si d’Funktionalitéit vun de 4 Iewen entdeckt a kruten en Abléck an déi ganz Organisatioun déi hannert dëser klenger, mee ganz erfollegräicher Entreprise stécht.


Als Ofschloss huet den Direkter ob d’Froen vun eise Schüler*innen geäntwert.

 

Bei der CFL kruten si fir d’éischt vum Service Ressources Humaines Explikatiounen a Viraussetzungen zu ënnerschiddleche Karriären, éier si dono de Bus Atelier an hier Zentral besicht hunn. Hei krute si Informatioune zu der Maintenance vun de Busser an wéi déi verschidden Touren organiséiert ginn.

Skip to content