E Freideg war d’4GCMP1 mat hiren Enseignanten an d’Stad fir eng guidéiert Visitt vun de Kasematten ze maachen. Dobäi si si der Lëtzebuerger Geschicht op de Gronn gaangen a si si vill nei Informatioune gewuer ginn. No engem gudde Mëttegiessen gouf et nach e klengen Trëppeltour duerch d’Stad, bei deem d’Schüler an d’Schülerinnen déi wichtegst a flottsten Ecken an der Stad gewise kruten.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy