Vum 24.6 op de 27.6 waren d’4GSO1, d’4GSO3 an d’4GSN zesumme mat der Madame Reding, dem Här Hoffmann an dem Här Grüneisen op Rotterdam, Scheveningen an Amsterdam. Dës Rees huet eise Schüler d’Méiglechkeet ginn nei Plazen ze entdecken, sech selwer erauszefuerderen an, virun allem, Zäit zesummen ze genéissen. Si hunn hir Sherlock Holmes Fäegkeeten bei interaktive Musée-Spiller getest, sech an eng faszinéierend audiovisuell Konschterfarung verdéift an, dank dem schéine Summerwieder, sech mat engem verdéngte Besuch op der Plage zu Scheveningen ofgekillt. Nieft dem Sightseeing goung et bei dëser Rees och drëm Frëndschaften opzebauen, d’Klassegemeinschaft ze stäerken an Erënnerungen ze schafen, déi nach laang no der Rees bleiwen. Dräi onvergiesslech Deeg voller schéiner Momenter!