Een emouvanten Nomëtten am Hémicycle!

De 25. Abrëll sinn d’Schüler an d’Schülerinne vun der 4GSO1 zesumme mat zwee Enseignanten op de Kierchbierg an den Hémicyle gefuer. Dëst fir un der Konferenz “Souvenirs d’un survivant” deelzehuelen. Op dëser konnten si der Madamm Von Schnurrbein nolauschteren, déi an der europäescher Kommissioun d’Lutte géint den Antisemitismus koordinéiert souwéi dem Här Sznajer, engem Iwwerliewende vum Warschauer Ghetto, deen en Abléck an ee vun den däischtersten Amenter an der Geschicht vun der Mënschheet geliwwert huet. Um Enn haten d’Schüler an d’Schülerinnen esou guer nach d’Méiglechkeet, fir dem Här Sznajer Froen ze stellen. Merci fir d’Méiglechkeet, un dëser Konferenz kënnen deelzehuelen a fir dozou bäizedroen, datt den Holocaust net a Vergiessenheet geréit.