Freides de 6. Juni ass eis Klass mam Zuch an d’Staat gefuer fir um City Rallye 2025 deelzehuelen.
Den Depart war um 10 Auer bei der Bouneweger Rocade. Vun do aus goung et duerch d’ganz Staat, vu Statioun zou Statioun. wou eis op all Statioun wichteg sozial Theme präsentéiert goufen. Nodeems mir e puer Froe beäntwert hunn, goung et du wieder, zu Fouss oder mam Tram. Um 15 Auer war d’Remise des Prix, hei sinn all d’Schoulklassen déi deelgeholl hunn zesummekomm. Dëst Joer hu mir deenen aneren héiflecherweis de Virtrëtt gelooss, mee fir d’nächst Joer hu mir eis vill virgeholl … Count on us, we will be back!
4GSO2
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy