Den Atelier Youstice am Palais de Justice zu Dikrech:

De 27. Februar hat d’4GSO3 d’Méiglechkeet, am Kader vum Projet Youstice, organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), d’Geriicht zu Dikrech ze besichen. Mir waren dobäi eréischt déi drëtt Schoulklass, déi un dësem Projet deelgeholl huet.

Moies hu mir e puer Geriichtsverhandlungen observéiert an dobäi erlieft, wéi Justiz an der Praxis funktionéiert. D’Schülerinnen a Schüler konnten d’Roll vum Riichter, vum Affekot, vum Procureur an déi juristesch Prozeduren direkt am Sall matverfollegen – eng Erfarung, déi iwwer Theorie erausgeet.

Nom Debriefing an der Virbereedung huet d’Klass selwer aktiv missten ginn: An engem Rollespill hunn d’Schüler:innen eng fiktiv Affär nogespillt an dobäi selwer d’Roll vum Geriicht iwwerholl. Argumentéieren, ofweien, decidéieren – hei war kritescht Denken gefrot.

Zum Ofschloss haten d’Schülerinnen a Schüler d’Geleeënheet, Froen un Experten (en Affekot an eng zukünfteg Richterin) aus der Justiz ze stellen an en Abléck an d’Beruffswelt ze kréien.

Begleeder: Yannick Kohl, Max Rodenbourg

Skip to content