Een interessanten Abléck an eis Nationalbibliothéik!
De 14. November, huet d’4I-FR-F d’Nationalbibliothéik um Kierchbierg besicht.
No enger éischter Orientéierung hu si e Bléck hannert d’Kulisse kritt. Si hunn d’Archiv besicht a geléiert, wéi Dokumenter konservéiert an katalogiséiert ginn an och wéi dat mam Archivgesetz gereegelt ass.
Et war och spannend ze gesinn, datt Geschicht net nëmmen an de Schoulbicher steet, mee an originale Quellen, déi deelweis Joerhonnerten al sinn. Besonnesch interessant waren déi verschidde Primärquellen, déi eis gewise goufen: mëttelalterlech Kaarten, al Zeitungsartikelen a weider Dokumenter wei e Manuscript aus dem 16. Joerhonnert.
Zum Schluss hunn d’Schülerinnen an d’Schüler nach hir perséinlech Carte de lecteur kritt (oder d’Demarche gewise kritt wei en eng Kaart kritt) – en Ticket fir zukünfteg Recherchen, Entdeckungen a vill flott Momenter an der Bibliothéik!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy