6P1: „Onkraut oder Notzplanz?“

Am Kader vun der Kulturrallye war d‘6P1 op Dikkrech an den Geschichtsmusée fir um Atelier „Onkraut oder Notzplanz?“ deelzehuelen. Et war een interessante Moien op deem si vill iwwert dëst Thema bäigeléiert hunn. Hei sinn e puer Fotoen vun hirer Visitt:

6P2: Der Konscht op der Spuer!

Eis 6P2 war am Kader vun der Kulturrallye am MUDAM mam Ipad op der Spuer vun deene verschiddene Kënschtler an hire Wierker ënnerwee.