Fotoausstellung „Entre réel et impalable“ vum Neckel Scholtus
D’Schüler*Innen vun der 7P waren an de CAPE d‘Fotoausstellung „ENTRE REEL ET IMPALPABLE“ vum Neckel Scholtus kucken.
Duerno sinn si zesumme mat der Kënschtlerin duerch Ettelbréck gaang an hu sëlwer Fotoe gemaach. Dobäi krute si eng Aweisung, wéi ee gutt Fotoe mam Handy mëscht. D‘Fotoe krute si vum CAPE rausgedréckt an déi Woch drop sinn déi beschte Fotoen erausgewielt ginn. Si konnten zousätzlech Fotobicher kucken an unhand vun de Fotoen, déi hinnen am beschte gefall hunn, hu si zesummen Theme fir een zweeten Tour duerch Ettelbréck festgeluecht.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy